Löffler Security Systems mat Charity-Aktioun um Widdebierglaf

De Widdebierglaf ass all Joer Ulass fir Löffler Security Systems als Sponsor eng eegen Equipe ze forméieren. Ënnert dem Motto „Zesumme sécher, zesummen aktiv“ hat d‘Firma viru Kuerzem en Opruff gemaach fir zesumme mam Kurt Löffler un den Depart ze goen a fir de gudden Zweck ze lafen. Bei sonnege Wierder an Temperaturen um 35 Grad war d’Zill, gutt a gesond unzekommen. En Challenge, deen Mataarbechter wéi och aner begeeschtert Leefer ugeholl haten, dorunner d‘Runa Egilsdottir, déi als d‘Gewënnerin bei den Damen d’Firma Löffler op de Podium bruecht hat. All Participanten haten no der Cours Geleeënheet bei kalem Gedrénks a flotter Atmosphären ze recuperéieren. Als Remerciement fir hiren Asaz spent Löffler Security Systems 300€ un d’Associatioun De Leederwon, déi Persoune mat schwéieren Handicap Fräizäitaktivitéiten erméiglecht. (Bild1: Firma Löffler, Aner Fotoe: Widdebierglaf)