Kolléischer Première vun 2013 feiert Konveniat

Wéi ass et, no 10 Joer erëm an der Schoul ze sinn? Op jidder Fall opreegend! Ma wann d'Schoul zanterhier och nach komplett renovéiert gouf, ass et nach emol méi spannend. Fir ze gesinn, wéi déi fréier Klassesäll, d'Kantine oder d'Bibliothéik sech verännert hunn.

A wann et sech ëm déi genannte Schoul ëm de Kolléisch handelt, da kënnen och emol Toiletten oder Storë fir grouss Aen suergen. "Wow" an "Oooohhhh" ass duerch de Klassesall ze héieren, wéi de fréien Direkter, den Här Salentiny, enthousiastesch déi nei Technik virféiert.

Mir - déi 2013 hir Premièresexame geschriwwen hunn - hunn de Kolléisch nämlech nach mat ondichte Fënstere kannt, déi am Wanter d'Keelt an am Summer d'Hëtzt eragelooss hunn. A mat orange Storen, déi duerch de Wand verbéit waren an net iwerall zougaange sinn. A mat Jongentoiletten, déi wierklech net an engem gudden Zoustand waren. Well den Athénée ursprénglech eng Jongeschoul war, gouf et keng Meedercherstoiletten. Also hu mir - useg ganz modern - alleguerten déi nämmlecht Toilette benotzt. Haut gëtt et souguer warm Waasser fir d'Hänn ze wäschen!

D'Visite duerch d'Gebai hunn de fréieren Direkter Jos Salentiny an zwee Member aus der aktueller Direktioun, de Marc Dosser an de Serge Kelsen, erméiglecht. E grousse Merci un si, esou wéi och un d'Proffen, déi hir Departementer gewisen a mat eis gefeiert hunn. An un d'Schüler, déi d'Initiativ an d'Hand geholl hunn.

No der Visite gouf gegrillt a gezaapt. An dat alles an der Schoul! Bis déi automatesch Belëftung bemol fir kill Temperature gesuergt huet. Do fillt een sech dach glat 10 Joer zeréckversat... Merci Kolléisch, mir kommen erëm!