ANDRÉ MERGENTHALER | Pëttener Summer Nights

14
Aug
2021
14 Aug

Mir freeën eis immens, den André Mergenthaler als éischten Artist op eisem Festival begréissen ze kënnen!

Als Cellist a Komponist ass hie wäit iwwer d'Grenze vum Grand-Duché bekannt. Nieft senge Kompositioune fir Ballet, Theater a Film, ënner anerem fir "Hannah Arendt" (2012) a "Schockela Knätschgummi a brong Puppelcher" (2010), trëtt hie mat sengem Soloprogramm "Cello Loops" op. Duerch seng Live-Opnamentechnik geet hien an en Dialog mat sech selwer, brécht Genregrenzen a interagéiert mat sengem Publikum op eng komplett nei Manéier.


Kaaft Är Ticketen ELO op summernights.lu!


Fir Iessen a Gedrénks op der Plaz ass gesuergt.

Parking + gratis Shuttle: Miersch Gare + Lycée Ermesinde, keng Parkplazen um Site, ausser ♿ & 🚲.

CovidCheck.lu: Bréngt Äre gültege CovidCheck-Zertifikat mat oder test Iech géint een Onkäschtebäitrag direkt op der Plaz mat engem Antigen-Schnelltest (Waardezäit ca. 20 min).


Pëttener Summer Nights” ass een Open Air Concertsfestival am Pëttener Schlass (bei Miersch), deen iwwert di dräi lescht Weekender am August 2021 Concerte an de Genre Jazz, Blues-Rock a Pop fir d’Leit aus der Regioun an dem ganze Land ubidd.