De Sonndeg, den 29. September ab 14h30 invitéieren Iech d'Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun op eng Rees an d'Vergaangenheet. Op verschiddene Statiounen, déi vun der Méchelsplaatz duerch d'rue Grande-Duchesse Charlotte an d'Impasse Aloyse Kayser a vun do an d'rue de la Gare féieren, weisen d'Geschichtsfrënn Iech wat virun 80 Joer hei passéiert ass a wat sech iwerall wéi verännert huet. Ee besonnesche Wert gëtt dobäi op déi zerstéiert Laangbréck an op d'Eisebunnsbréck geluegt. Duerno féiert d'Rees nees zréck an d'Géigewart ...