Kreativmaart am Topaze Shopping Center um Mierscherbierg

04
Okt
2025
04 Okt 11 Okt

Kreativmaart am Topaze Shopping Center um Mierscherbierg

Gläich zee Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober, invitéiert „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl“ op hire Kreativmaart um Mierscherbierg. Am Topaze Shopping Center bidden vill Hobbykënschtler handgemaachte Kaddoen aus Keramik, Stoff, Beton, Pabeier a Bijouen un. Wien also nach e passende Kaddo fir de Pappendag sicht oder gären stressfräi am Viraus Chrëschtdagskaddoe fir Grouss a Kleng besuergt, ass hei genau richteg. Firwat also net virum nervige Shopping ganz gemittlech duerch d’Gäng vum Shopping Center trëppelen an d’Häerzenswierker vun den Hobbykënschtler bewonneren? Op béide Deeg ginn och gratis Atelieren fir Kanner ugebueden.

Weider Informatiounen: http://hobbykl.lu/news-an-aktuelles.php