100 Joer Brigitte Maier – Eng Liewensgeschicht voller Erënnerungen

Den 17. Oktober 1926 ass d'Brigitte Maier zu Paluzza op d'Welt komm. Mat nëmmen dräi Joer ass si zesumme mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm, wou si hir nei Heemecht fonnt huet.

Zu Ettelbréck huet si d'Schoul besicht. Spéider huet si zu Déifferdeng hiren zukünftege Mann, den Antoine Di Cato, kennegeléiert. Am Joer 1947 hunn déi zwee sech d'Jo-Wuert ginn an domat de Grondstee fir hiert gemeinsamt Liewe geluecht.

Aus dësem Bestietnes si véier Kanner ervirgaangen: d'Francine, gebuer 1948, de Jean, gebuer 1949, de Mario, gebuer 1955, an d'Netty, gebuer 1966.

D'Brigitte war eng Mamm, déi ëmmer fir hir Famill do war. Si huet doheem fir aner Leit gebitzt a war eng talentéiert Néiesch. Nieft der Erzéiung vun hire Kanner huet si och hire Mann a sengem Betrib tatkräfteg ënnerstëtzt. Et war vill Aarbecht, vill Engagement a virun allem vill Léift fir hir Famill.

Mat de Jore sinn hir Kanner hiren eegene Wee gaangen, hu sech bestuet an hir eege Famillje gegrënnt. Sou ass d'Brigitte haut houfreg Bomi vun 11 Enkelkanner a Groussbomi vun 10 Urenkelen.

Am Joer 2013 huet si hire Mann Antoine fir ëmmer misse goe loossen. Trotz dësem schwéiere Verloscht huet si nach bis 2021 eleng an hire véier Wänn gewunnt.

Zënter Dezember 2021 ass si am Blannenheem zu Rolleng doheem, wou si hire Liewensowend verbréngt.

An haut, no 100 Joer voller Erliefnesser, Erënnerungen, schéinen a sécherlech och schwéiere Momenter, kënne mir feststellen: D'Brigitte ass nach ëmmer gesond a monter!

100 Joer – dat ass e ganzt Joerhonnert!

E Joerhonnert voller Geschichten, Erfarungen, Léift a Familljeliewen. E Joerhonnert, dat Generatioune matenee verbënnt.

Léif Brigitte, zu dengem 100. Gebuertsdag wënsche mir dir vun Häerzen nach vill schéi Momenter, vill Freed, Gesondheet a virun allem d'Gléck, nach vill Zäit mat denger grousser Famill ze verbréngen.

Alles Guddes fir deng 100 Joer!

Weitere Neuigkeiten von Henri Krier >