De Kommitee vun der Mierscher Musek hat déi grouss Freed, den 12. Juni 2026, der Asbl De Leederwon ee Scheck an Héicht vun 3.500 Euro ze iwwerreechen. Dësen Don ass den Erléis vum Gala Concert, deen de 25. Abrëll am Mierscher Theater statt fonnt huet. An der Paus vum Concert huet de Responsabel vun der Associatioun, de Peter Aendekerk, de villen Auditeuren de Projet vum Leederwon virgestallt, Projet bei deem Kanner an Erwuessener mat enger méi oder manner grousser Behënnerung op enger speziell fabrizéierter Kutsch a mat duerfir ausgebilte Päerd matfuere kënnen. Si leien, just duerch een Duch getrennt, um Réck vun de Päerd. D’Wäermt vun de Päerd souwéi déi gläichméisseg Beweegung wierkt berouegend an entspanend op d’Leit an dréit esou zu engem positiven emotionalen Erliefnes vun de Leit bäi.
D’Mierscher Musek seet all hire Sympathisanten an Donateuren ee grousse Merci fir hier Generositéit.