Peintures & Sculptures 2023

E Mëttwoch den 8. Februar war de Vernissage vun der Ausstellung "Peintures & Sculptures 2023" am Topaze Shopping Center um Mierscherbierg.

D’Madamm Eliane Lothritz, Presidentin vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl huet déi sëllege Visiteure begréisst an déi 12 Kënschtler virgestallt. E Merci un d’Präsens vun de Vertrieder vun der Gemeng Miersch, der Madamm Joëlle Feller souwéi dem Här Thierry Larsel aus dem Gemengerot vu Lëntgen an e spezielle Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht an Organisatioun mat der Direktioun vum Topaze Shopping Centre, vertrueden duerch Cary Hansen.

Eng Vilfalt vu verschiddenen Technike waarden op d’Besicher, ugebuede vun den Hobbykësnchtler: Valerie Backer, Charlotte Coles, Raymonde Holz-Brochmann, Jana Hrivniakova, Henriette Larsel-Dupont, Eliane Lothritz, Jennifer Maeks, Inguna Miluna, Laurence Schong , Gilberte Sidon-Krein, Marie Sierra a Nicole Wark-Blasen.


D‘Ausstellung ass all Dag bis 19:00 (ausser Sonndes) vum 8. bis den 25.02.2023


Weider Fotoen op

www.hobbykl.lu