Rousen fir 22 Gebuertsdagskanner am Home St. François zu Miersch


Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 27. Oktober an dem 25. Januar gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer an flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war di éischt Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp, Fiels, Lëntgen, Miersch an Noumer waren vertrueden duerch Bea Horsmans-Kaber, Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch, Myriam Martins-Mendes, Jos Consbrück, Heng Krier, Michel Malherbe, Costa Nelson, Willy Vullers, Sophie Diderrich. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Home-Direkter Nicky Wintringer alle Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an eng zefriddent neit Joer gewënscht. No enger Coupe Crémant war et den Musikanten Willy a Ferdy, wi gewinnt déi den ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt hun. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren waren: Anna Goetzinger Frisch (78 Joer); Luisa Da Silva an Josette Godart- Johanns (79); Gregorio Da Silva (80); Irmy Alen (81); Catherine Cornelius- Reckinger (82); Maggy Lieffring- Raas (84); Denise Schmit- Hansen, Juliette Kraus- Reuter, Sr.Gabriele Thull an Marcelle Garatti- Boentges (85); Victor Betz (87); Guillaume Bock an Anne- Marie Jacoby- Linden (88); Hélène Wirth- Salentiny an Marguerite Hansen- Hengen (91); Jean Kauffmann (92); Roger Hilbert (93); Laure Robert- Wagner an Anna Mertens- Schmitz (94); Albertine Arendt- Monen (97). Fir hiren 100. Gebuertsdag ass d’Marie Parmentier- Baum zum Schluss mat engem kräftigen „Happy Birthday“ geéiert gin. Bei engem schmackhaften Owesiessen huet dess flott Feier a gudder GEsellschaft hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)