Scheckiwwerreechung beim Lions Club Sigma

Viru kuerzem huet de Lions Club Sigma am Restaurant « A Guddesch » zu Biereng / Miersch zwee Schecken am Wäert vun 5000 Euro aus dem Erléis vun hirem Chrëschtmaart 2022 iwwerreecht.

D’Coordinatrice vum Téléthon, Donatella Monaco, konnt e Scheck vun 2500 Euro entgéint huelen.

D’Cynthia Conzemius, directrice enfants, jeunes et familles, krut e Scheck vun 2500 Euro fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.

Den Erléis vum Verkaf vu Chrëschtbeemercher, déi wärend der Adventszäit beim Topaze Miersch verkaaft gin ,erlaabt dem Lions Sigma all Joer un divers Associatiounen ze spenden.

Weitere Neuigkeiten von Jeannot Scheitler >