ADVENTSKAFFEE

03
Dez
2023
03 Dez

FRAEN A MAMMEN A JEUNES MAMANS WAASSERBËLLEG

Mir invitéieren iech all ganz häerzlech op eisen

Adventskaffee

Sonndes, den 3. Dezember 2023

Vun 14.00 bis 18.00 Auer

am Centre Culturel zu Waasserbëlleg

Kommt bei eis laangst a verbréngt e puer gemittlich Stonnen matt eis zesummen bei Kaffee a Kuch, Kippchen, Glühwäin a Bréidercher mat Würschterscher.

Ëm 15.00 Auer treeden d’Kanner vun eisem Ballett op, ënner der Leedung vun der Mme Yvonna Paley.

Den Zauberer Jabutri wärd ëm 16.00 Auer d’Kanner matthuelen op eng fantastisch Rees vun den Onméiglichkeeten.

Mir bidden Atelieren un fir d’Kanner, Bastelen vu Chrëschtkaarten oder Intro-Rap mat dem Nicool, der bekannter letzebuerger Rap-Sängerin Nicole Bausch (dësen as limitéiert op 8 Kanner 8-12 Jar, Info op eiser FB-Säit, oder tel. 691 433 681).

Mir hun awer och eng räichhaltig Tombola fir Erwuessener a fir Kanner zesumme gedron, gesponsert vu ville Geschäftsleit, deene mir elo schon Merci son.

Den Erléis vum Dag as fir ee gudden Zweck. Mir ënnerstëtzen den Télévie, an d‘Solidaritéitsaktioun vun der ACFL „Pëtze bauen fir Madagaskar“ an Hëllef géint Aarmut zu Lëtzebuerg. Falls dir verhënnert sidd, kënnt dir awer och gären een Don direkt op eise Kont maachen LU82 0090 0000 6015 9381 CRRA mat dem Vermierk „Adventskaffee“

Am Viraus villmols Merci

De Comité vun de Fraen a Mammen a Jeunes Mamans Waasserbëlleg