Summerfest am Fleegeheem Op Lamp Waasserbëlleg
Fir de musikaleschen Encadrement deen Dag suergen:
-Südwind (De Donato Marisa & Salvatore de Nardo)
- Joel Marques Cunha, de Joel war Finalist vum LSC an hie war an de Semi-finals vun de Voice of Germany 2023
Desweideren trieden Zumba Kids vum Topfit an och Clowns4u op.
Fir ze Iessen an ze Drénken bidde mer Iech:
- Vun der Plancha eng frësch Tagliata vum Rënd, mat Parmesan, Rucola a frëschen Zaloten
- Vum Smoker hausgemaachte Pulled Pork, Spare Ribs oder Poulet
- Gegrillte Fetakéis mat Kiischtentomaten
- de ganze Mëtteg iwwer: Gegrills, Fritten, Eisekuchen, Kaffi a Kuch
- Gedrénksstänn a Schampesbar
Fir d’Kanner hu mir deen Dag och erëm ganz vill Attraktioune wéi en Hüpfburg, eng Rollenrutsch, asw
Mir géifen eis freeën Iech deen Dag Op Lamp begréissen ze dierfen.