ADAPTO - wäit vun nohalteg a wäit vun emweltfrendlech


ADAPTO - e (nach) grenge Minister an e Service wäit vun nohalteg a wäit vun emweltfrendlech


Haut huet en am beschte gesinn wei „Greng wierkt“


Mir woren de Metteg an e Restaurant op Grass iessen. Vu dass ech Mettesschicht hat an éischter hu misse goen fir op d‘Arbecht, hat Carole fir meng Mamm a fir sech en Adapto bestallt.

Et war dann och eng Frendin vun eis als Begleitpersoun mat. Also insgesamt 3 Leit, dovun eng Persoun mat Kretschen, eng am Rollstull an eng Begleitpersoun.


Bei der Umeldung dunn krut d‘Carole scho gesoot et géif goen mee vu dass dat dann dräi Leit wären déi zur selwechter Zäit ewech geholl ginn, fir vun der selwechter Adresse op déi selwecht Heemadresse gefouert ze ginn, missten dann awer 2 Busse kommen.


Carole hat gemengt et hätt net gudd héieren an huet nogefroot. Mee dach hat hat richteg héieren.


Den Metteg dann koumen tatsächlech 2 Minibusse. Den ee fir Carole anzelueden an den aneren fir meng Mamm an Begleitpersoun anzelueden.


Dei zwee BuschaufferInnen konnten et och net gleewen wei si et op hirer Fiche gesinn hunn a si hunn dunn de Patron gefroot. Den huet dei ganz Sach och witzeg fonnt mee gemengt et misst jo sou gefuer ginn wei de Ministere virschreiwt.


A grad den (nach) Transportminister Francois Bausch deen den Transport an domat och den ADAPTO ennert sech huet, priedegt dann vun Nohaltegkeet, Energie spueren, emweltfrendlech asw.


Des Decisioun war dat definitif net well et huet 2 Chauffeure kascht, 2x Verschléiß vu Pneuen a soss Material an duebel souvill Sprit.


Greng wierkt eben.


Des Decisioun as net nozevollzéien mee vläit huet jo e vun menge Frenn vun déi gréng eng plausibel Erklärung.


Erstaunlech war dass nodems an der leschter irgendeppes net geklappt huet, haut awer soss alles geklappt huet.


Hoffen den neien Transportminister mecht sou seier wei meiglech eng Reform vum Adapto Service am beschten sou ähnlech wéi et virdrun war.