Besuch an der Provence, am Luberon


No 2002 an 2004 war d' "Chorale Municipale" Sängerbond Museldall Waasserbëlleg dest Joer am Juli op Kulturees am Luberon. Eng Visit vu Cassis mat sengen "Calanques", e Besuch um Theaterfestival vun Avignon souwéi e Bummel iwer den Sondesmaart vun Isle-sur-la Sorgue stoungen um Programm. Gäeren hun sech d'Sänger un d'Concerten vun 2002 an 2009 zu Gargas erënnert. Och dëst Joer huet den Waasserbëlleger Männerchouer mat hierer Dirigentin Viviane Kohn -Hames, déi de Chouer och um Piano begleet hat, e flotten Concert op der "Place de la Fontaine" zu Gargas gesongen. Den Éirendirigent Nico Hames hat drop gehaalen bei dësem Concert am Chouer matzesangen. Déi ron 100 Nolauschterer, enner hinnen den Buergermeeschter vun deemols an haut, waren begeeschtert vun dem flotten Programm mat "Chansons" , Lidder aus den Pyréneen, vum Mier oder aus aller Welt. Duerno nach e puer flott Stonnen, bei schéinem Wieder a killem Rosé op deser flotter Plaaz enner uraalen Platanen.