Cäciliendag zu Mäertert 25.11.2018 Verdeelen vun de Medailen vum Piusverband.

Cäciliendag zu Mäertert Sonndes den 25.11.2018

No der feierlicher Mass, gesongen vun der Chorale Mixte Mertert, huet de Schefferod vun der Gemeng Mertert agelueden op eng sympathisch Feier fir déi kulturell Veräiner ze éieren op dem Fest vun hierer Patréinisch der hl. Cäcilia.

Bei der Gelegenheet goufen Medailen vum Piusverband un d'Membren vun der Chorale mixte Mertert an der Chorale Ste Cécile Wasserbillig verdeelt. Duerno gouf mat engem goude Pättchen Miseler ugestouss.