Fachkonferenz mam Geriater Dr Dondelinger an der Maison de Soins Waasserbëlleg

Den Dr René Dondelinger, e renomméierte Geriater an en Expert vun neurodegenerative Krankheeten, huet de Mataarbechter vun der Maison de Soins Op Lamp Waasserbëlleg am Kader vun enger Fachkonferenz den 12. Mäerz ganz vill nei Abléck an déi neitst Erkenntnisser iwwert d’Symptomer vun neurokognitive Stéierungen a vun der Parkinsonkrankheet ginn.

A sengem Virtrag ass den Dr Dondelinger och op den aktuelle Stand bei der Recherche iwwert nei Méiglechkeete beim medikamentéisen Traitement bei dëse Krankheeten agaangen.