Festa Italiana mat der Harmonie Waasserbëlleg

D' HARMONIE WAASSERBËLLEG haat en Samsdeg den 29.04.2017 op en italienischen Owend ennert dem Numm "Festa Italiana" an den Centre Culturel op Waasserbëlleg inviteiert. Ennert der Direktioun vum Nadine Billa hun Musikantinnen an Musikanten virum gudd gefëllten Sall en italienischen Concert mat den Stecker vum Ennio Morricone, Gioacchino Rossini oder Franco Cesarini duer bruecht. Doderbai huet den Solist Albert Trombini zesummen mat der Harmonie dei 2 Stecker "O Sole Mio" an "Core'n Grato" gesongen. Durch den Owend huet eis Musikantin Danielle Laschet-Schanen gefouert. Nierwend dem musikalischen Deel hun Nolauschterer och en culinarischen Deel mat Lasagne ,Tiramisu an italienischen Wainer gehaat.

Nolauschterer haaten en flotten an gesellegen Owend bei Musik an Gesang aus Italien