No der Begréissung duerch de Président Francois Warnier huet de Sekretär Jörg Bidinger en Iwwwerbléck ginn iwwert d´Aktivitéiten aus dem Joer 2025. Ënnert anerem huet d’Amicale Op Lamp sech mat finanzieller a perséinlecher Hëllef bedeelegt um Fuesbal, u verschidde Concerten iwwert d’ganz Joer verdeelt, dem Summerfest vun der Résidence Op Lamp an un der Chrëschtfeier. All Kéier huet hei d’Amicale d’Musek gesponsert. D‘Amicale huet och fir d‘Bewunner eng Sortie op der Musel mat der MS Princesse Marie Astrid gesponsert. All Bewunner aus krut vun der Amicale fir säi Gebuertsdag e Bouquet Blumme geschenkt. Fir verschidde Sortien, wéi an d’Oktave, d’Sprangpressessioun, de Betebuerger Park, op d’Schueberfouer oder op de Chrëschtmaart huet d’Amicale d’Busser bezuelt. Op der Chrëschtfeier huet all Bewunner e perséinleche Kaddo vun der Amicale krut.
D’Amicale huet dem Haus e Multi – Media - Ecran geschenkt. Domatter ass et méiglech, Filmer an enger ganz héicher Qualitéit ze kucken. E ganz grousse Merci sot d’Amicale der Groupe Socio an der Direktioun vum Haus. Ouni hier Hëllef wäre ganz vill vun dësen Aktivitéiten net méiglech.
Beim uschléissende Rapport vun der Caissière, der Mme Mariette Merges, konnt e gesinn, dat d’Amicale Op Lamp finanziell ganz gutt opgestallt ass. Dat gouf vun de Keesserevisoren, den Hären Gilbert Peusch a Vic Kolb, confirméiert. Si haten un der Buchführung absolut näischt auszesetzen. Doropshin gouf dann och d’Caissière vun der Versammlung per Aklammatioun entlaascht. Déi 2 Keesserevisoren hu sech bereet erklärt, och am nächste Joer dëst Aufgab ze iwwerhuelen.
No der Virstellung vum Budget 2026 huet d‘Versammlung de Comité entlaascht.
D’Mme Mireille Wirtz als Directrice vun der Résidence Op Lamp an den Här Lucien Bechthold als Schëffe vun der Gemeng Mertert hunn an hiren Usproochen der Amicale villmols merci gesot fir de groussen Engagement a si hu confirméiert, dat d’Amicale op Lamp zanter entre-temps 25 Joer e groussen Deel dozou bäidreet fir d’Liewesqualitéit vun de Bewunner an der Résidence Op Lamp ze verbesseren. Si hun de grousse gesellschaftleche Valeur vum Bénévolat ernimmt an hoffen, dat d’Zesummenaarbecht mat der Amicale an Zukunft grad esou gutt weidergeet.
No der Versammlung huet d’Direktioun d’Membere vun der Versammlung op e Patt mat Schnittercher invitéiert.