JubiläGalaconcert 125. Anniversaire Chorale Municipale Sängerbond Museldall

Et war e schéin‘t Gefill fir d’Dirigentin an d’Sänger vun der Chorale Municipale Sängerbond Museldall Waasserbëlleg an hir vill Nolauschterer sich no quasi 3 Joar Abstinenz nees rem ze gesinn.

Et gouf och 2 Ursachen fir dat ze genéissen an ze feieren. Engersäits war et den Optakt, de Gala Jubiläumsconcert fir d‘ Feierlechkeeten vum 125. Gebuertsdag vum Bëllia Männerchouer an anersäits den 10. Fréijoarsconcert enner der Leedung vun der engagéierter a professioneller Dirigentin Viviane Kohn-Hames. „The best of“ sollt de Publikum gebuede kréien, an en ass och nët entäuscht gin.

Firwat bass du an d’Welt komm, huet et am éischte Lidd geheescht. De witzegen Text iwwer de Corona hat de Präsident vum Sängerbond Museldall Yvon Streff gedicht, op d’Melodie vum beléiften „Bajazzo“. Fir den 100. Gebuertsdag vum Traditiounsveräin hat den Theo Fischer, zäitgbenösischen Komponist vun Bingen, op en Text vum Pir Kremer d’Lidd „Am Museldall“ komponéiert wat och fir den 125. Gebuertsdag den Ufank vum eigentlechen Programm war. Duerno goung et weider mat 3 Lidder aus dem Concert 2013 Sei gepriesen du lauschige Nacht ënner anerem „Strangers in the Night“ vum Bert Kaempfert. 2016 haten d’Sänger iwwer d’Léift erzielt. Deemols wéi haut konnt de Solist Yvon Streff mat „Der Rutsch an der Strëmp“ punkten. 2019 stoung déi gesanglech Rees „Salut la France“ um Programm. Ke Lidd hät besser an eis heiteg Zäit mat dem fuerchtbare Krich an der Ukraine gepasst wéi „Bring him Home“ aus les Misérables. Zum Schluss vun 1. Deel huet de Bariton Raymond Thinnes gekonnt vun der „Mademoiselle de Paris“ gesongen.

No der Paus gueng et weider mat Down to the Riverside aus dem Joer 2015. “An den Ufern der Mexiko River“ huet de Chouer gesongen an duerno war de bekannten „Ol’Man River“ mam déiwe Bass Marco Duton ze héieren. „Blue Spanish Eyes an d’Chianti Lied“ waren Highlights aus dem Concert Wein, Weib, Gesang vun 2012. Wat wär Una Notte Italiania 2014 an och 2022 ouni „La Montanara“ oder dem „Chor der Gefangenen“ aus Nabucco gewiest. Den Tenor Emile Elsen wousst mat „Torna a Surriente“ a senger herrlecher Stëmm d’Nolauschterer ze begeeschteren an de José Battaglia hat mat „Nel Blu, dipinto di blu“ seng Fan Ekipp nët entäuscht. Zum Schluss war , Wien du schöne Stadt am Donaustrand aus dem Joer 2017 ugesot. Hei huet d’Dirigentin Viviane Kohn-Hames, am passenden Dirnd’l charmant fesch, d“Tritsch Polka“ an „Ja, das ist unser Leben“ dirigéiert an de Georges Mahnen als Solist beim „Der alte Sünder“ begleet.

Dat frenetisch‘t Klatschen vum begeeschterten Publikum hat eng Zugab verdingt an mat „Veronika, der Lentz ist da“ sinn se belount a virwëtzeg op den Concert 2023 gemach gin.

Den talentéierten jonke Pianist Maté Sütö huet de Chouer bravouréis begleet an d’Netty Glesener op der Batterie huet fir den néidegen Rhytmus gesuergt.

Zu Waasserbëlleg an Emgéigend därfen sich d’Frënn vum gudden Chouergesang schons op den Ofschlossconcert den 18. Dezember 2022 mat dem Bouwechouer 6„Pueri Cantores“ an dem Sängerbond an der Waasserbëlleger Kierch freeën