Konveniat vum Joergang 1981/82 vun Waasserbëlleg

Virun kurzem haaten sech Schüler vum Joergang 1981/82 vun Waasserbëlleg getraff. Em 14 Auer war en klengen Empfang op der Gemeng Mäertert, wou se vum Buergermeschter Jéome Laurent an der Schäffin Nadine Lang-Boever Neiegkeeten aus der Gemeng gewuer goufen. No dem Empfang stung eng Visite vun der Schleis Grevenmacher um Programm. Den Ofschloss vun desem scheinen Daag war am Owend an der Caves Leuck-Thull eng Wain-dégustatioun mat Iessen. An dem scheinen Kader gouf dann nach iwwer dei aal Schoulzaiten geschwaat.