Val Langehegermann- Ee Liewe fir de Sport

Seng 1. Lizenz am Dëschtennis oder soll ech schreiwen am „Ping, Pong“ huet de Val mat 15 Joer kritt, an zwar war dat den 01. August 1952. Dat sinn haut op den Dag genau 70 Joer ! An och nach haut am Alter vu 85 Joer ass de Val mat der Lizenznummer 166 nach aktiven Dëschtennisspiller zu Zewen.(D)

Virun engem gudde Mount huet hien op der Europameeschterschaft zu Rimini mat sengem Kolleeg d‘Bronzemedaile am Dubbel bei de Veteranen iwwer 85 Joer gewonnen. Respekt !!

Fir alles z’ernimmen wat den Val Langerhergermann an senger „ „Ping Pong“ Carrière gewonnen huet, misst een hei zeg Säiten schreiwen.

De Val huet ugangs der 60 ziger Joren mengen Namensvetter Carlo Jaminet, an och aneren staarken Dëschtennisspiller gewisen wat hien drop hat. An dat och nach haut huet. Hien huet et an deenen Joren duerno op eng 70 Selektiounen an der Nationalequipe bruecht !

Am Joer 1961 war hien Lëtzebuerger Champion am Dubbel, zesummen mam Marcel Kirpes, an 1964 Vice-Champion am Eenzel.  

30 Joer no senger 1. Lizenz ass de Val. Zesummen mam Yves Maas, André Hartmann a Carinne Risch vun der Lëtzebuerger Sportspresse als bescht Equipe vum Joer 1982/83 gewëllt ginn.

An sengem Palmaresse vun de Veteranen (Alter iwwer 40 Joer) huet de Val international esouvill Titelen a Medailen, sief dat am Bronz, Sëlwer oder Gold kritt, datt et onméiglech ass, déi hei all op ze zielen. Erwänen wëll ech awer hei den Titel vum Vice Weltmeeschter 1984 am Eenzel zu Helsinki, d‘Sëlwer Medaile am Dubbel zu Vancouver am Joer 2000, de Weltmeeschtertitel 2002 am Dubbel zu Luzern bei der Alterskategorie iwwer 60 Joer, an den „ Tëppel um I „ war de „Champion du Monde 2004“ am Simpel iwwer 65 Joer a Japan zu Yokohama.

Niewent dem „Ping Pong“ war de Val Langerhegermann awer och mat vill Erfolleg aktiv am Vëlossport. Hei huet hien als Amateur fir super Klassementer bei nationalen an internationalen Coursen gesuergt. Méi doriwwer an engem nächsten Poust iwwer dem Val seng Erfolleger als Cyclist. Hien war niewent deenen zwou Sportaarten och nach ee gudde Marcheur.

Virun ee puer Deeg, wéi mir iwwer seng Sportscarrière geschwat hunn, sot de Val zu mir: „ Ech fueren an der Woch nach ee puer mol bis zu 50 km mam Coursevëlo, a kann net méi ganz laang bei dir bleiwen, well ech muss den Owend nach op Zewen an den Training vum Dëschtennis

Bleiwt just nach ze soen: „ Wieder esou,Val. An dat nach vill Joren bäi gudder Gesondheet “