Illusiounen - Kabaret Bartrenger Kaméidi
20
Nov
20 Nov
Am Kader vum 50-järege Bestoe vum Bartrenger Kaméidi gouf d’Produktioun «Illusiounen» op d’Been gesat als Hommage un den Auteur Josy Christen, als Matbegrënner vun dësem Veräin, an awer och u säi ganzt Schafen.
Et handelt sech ëm eng gespillten a gesonge Satir mat Lidder vun eeben dem Josy Christen mamm Titel «Illusiounen». Dëss Lidder ginn duerch eng Geschicht matenaner verbonnen an et ergëtt sech doduerch eng Mëschung vun Theater, Cabaret a Musical.
Et spillen a sangen d‘Susy Lentz an den Al Ginter. Si ginn um Piano begleet vum Jeff Schmidt. Konzept a Geschicht vum Guy Geimer.