2 Kaze sichen e rouegt Doheem

Ech sichen en neit Doheem fir ons zwou Kazendammen (Tiger etwa 12 Joer, schwaarz-wäiss etwa 10). Si si ganz léif, kraatze net a maachen näischt futti. Si si Freigänger. Leider huet et tëschend hinnen an onsem klenge Jong ni gefunkt. Et ass hinne bei eis ze haart an ze hecktesch ginn, a si flüchte just nach. Dowéinst sichen ech fir déi zwou Kazen zesummen en neit a rouegt Doheem an dem keng kleng Kanner sinn a si erëm hir Rou fannen a frou sinn. D'Tigerkaz ass ganz schmuseg, déi schwaarz-wäiss ass méi roueg, sëtzt awer och gär mat op der Couch. Weider Info gär op Nofro: 621 699 662