9 Deeg a Wanderschong duerch Lëtzebuerg fir de gudden Zweck

Virun der Pandemie krut Martine Alzin en Hond, mat dem et ugefaangen huet duerch Lëtzebuerg ze wanderen. Wei esou vill anerer huet Martine an der Pandemie extra vill Zäit gehat fir duerch Lëtzebuerg Auto-Pédesteren ze entdecken. Well et séier den Iwwerbléck verluer huet, wou et scho war a wou nach net, huet et ugefaangen iwwert seng Wanderweeër ze bloggen um Internetsite www.wanderninluxemburg.com. Den 1. Mee 2020 gouf sou den éischte Beitrag publizéiert. No 320 Wanderweeër iwwert déi Martine dokumentéiert huet, huet hat en neie Challenge gesicht, wou och Organisatioune mat Benevole sollen dovunner profitéieren. De 25.03.2023 geet et lass an d'Martine start zu Ëlwen mat sengem Hond a Rucksak a wandert a Richtung Süden an 9 Deeg. Op sengem Internetsite kann ee mat tippe wei wäit hat et packt. Déi gesammelt Spende ginn un 2 Organisatiounen aus Lëtzebuerg gespent. Eng vun deenen ass Lipödem Lëtzebuerg asbl déi dofir gesuergt huet dat 2018 Lipödem als Krankheet unerkannt gouf an Haut nach fir Opklärung an eng gerecht Therapie beim Ministere kämpft. Sie organiséieren den 22.04.2023 zu Suessem en groussen Informatiounsdag iwwert d'Krankheet. Déi aner Organisatioun ass Sichhënn.lu déi hëlleft no vermëssten Hënn a Mënschen ze sichen.