9 Deeg duerch Lëtzebuerg gewandert fir de gudden Zweck

De 25.03.2023 ass d'Martine Alzin mat sengem Mupp zu Ëlwen mam Rucksak a Wanderschong gestart. 9 Deeg ass d'Martine duerch Lëtzebuerg gewandert vun Ëlwen a Richtung Süden. Ziel am Ufank nach onbekannt. Dofir konnt Jiddereen tippe wei wäit hat kënnt. Virum Start vun dëser Challenge huet dësen Tipp 5€ kascht. Ab dem 25.03. huet dësen Tipp dun 10€ kascht. Vun ënnerwee huet d'Martine ëmmer eng Foto gepost mat engem Tipp wou et sech befënnt, fir kennen anzeschätze wei wäit et scho komm ass. Déi gesammelt Suen huet d'Martine gespent un sichhënn.lu a Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l.

"Sichënn.lu besteet aus Benevollen déi hier Hënn ausgebilt hunn an och aner Hënn ausbilden als Sichhond. Dës Hënn siche Mënschen oder aner Hënn déi vermësst ginn. Esou een Hond muss ongeféier 2 Joer laang ausgebilt ginn an natierlech och déi kierperlech Viraussetzung hunn. Mee och de Mënsch muss dëst kierperlech mat maachen. De muss jo schliisslech hannendrun lafen.

Dës Membere vun dëser asbl opferen hier Fräizäit an ze guer hire Congé fir sech op d’Sich ze maachen no Hënn déi fortgelaf sinn oder op d’Sich ze maachen no Mënschen déi vermësst ginn. Ech fannen dat impressionant wat se hei fir en Engagement erastiechen an trotzdeem kritt des asbl net vill Suen a mussen awer vill Suen an dat noutwendeg Equipement heifir stiechen. Ech hoffen dat ech si ni uruffe muss, well mäin Hond fortgelaf ass, mee ech géing des asbl dofir immens gären hëllefe mat dëser Aktioun.

Déi aner Organisatioun ass Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. Duerch si hunn ech 2017 Diagnose kritt vun der Krankheet Lipödem. Ouni si géing ech mech warscheinlech Haut nach a menger Spiral befannen. Hei sinn ech opgefaange ginn an ass mir endlech nogelauschtert ginn. Des asbl bedeit mir esou vill dat ech säit Ufank 2020 am Comité sinn an Enn 2020 als Vize-Präsidentin ernimmt gi sinn.

All Dag erënnert mech déi Krankheet drun, dat ech net alles esou maache ka wéi anerer, an awer kämpfen ech mech tapfer duerch d’Liewen a kämpfen net méi géint mäin Lipödem mee liewe mat mengem Lipödem. Des Astellung hunn ech duerch asbl geleiert an hëllefen Haut anere Betraffenen esou och de richtege Wee ze fannen. Dofir organiséiere mir en groussen Infodag ronderëm des Krankheet den 22.04 zu Suessem wou Fachpersonal aus dem Ausland kënnt, fir Patienten, Dokteren a Kinéen opzeklären, well hei herrscht nach eng grouss Onwëssenheet. Heifir a fir de ganze Recht vun dëser Opklärungsaarbecht déi mir leeschte brauche mir natierlech och finanziell Hëllef. Och kämpft des asbl dofir dat Therapiepunkte vu Lymphödem, Lipödem, Thrombose, … besser rembourséiert ginn. 2018 huet des asbl et fäerdeg bruecht dat Lipödem als offiziell Krankheet unerkannt gouf."


Dem Martine war et och wichteg ze weisen, wéi vill hat mat senger Krankheet fäerdeg bréngt, wann hat just seng Kompressionskleedung undeet. Ouni seng Kompressionskleedung packt hat et net eng Etage Trapen erop ze goen. Domat ass et him immens wichteg dat Betraffener eng Diagnose kréien an och gehollef kréien.


D'Martine huet et fäerdeg bruecht mat sengem Lipödem am Stadium 2 a Kompressionskleedung un Been an Äerm vun Ëlwen bis Beetebuerg ze wanderen an 9 Deeg.

Dobäi huet hat 147,42km an 3093 Heichtemeteren zréck geluecht.

Op der ganzer Streck huet hat esou 1040 Euro gesammelt fir de gudden Zweck.

Soumat si 416€ u Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. gaangen a 624€ u Sichhënn.lu.


Präsidentin vun der Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. huet d'Martine als Merci op der leschter Etappe e Stéck begleet a Sichhënn.lu hunn d'Martine op der zweeter Etappe e Stéck begleet.