Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. organiséiert Info-Owender

Dir wollt Iech schonn ëmmer iwwer déi Krankheet Lipödem informéieren. Wësst Dir net op Dir betraff sidd, oder eventuell een aus ärem Frëndeskrees oder Familljekrees.


Dir wëllt iech informéieren iwwert Therapie-Méiglechkeeten oder wat iech zousteet als Betraffenen.


Dann kommt op ee vun eisen Info-Owender a loosst iech vun 2 betraffe Fraen, dem Gaby an dem Martine aus dem Comité vun der Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l., informéieren.


Dës Owender lafen ënnert dem Covid-Check. Dofir géinge mir Iech bieden, wann Dir wéilt kommen, iech unzemellen, vu que dat Platze limitéiert sinn.

Umellen kënnt Dir Iech ënner: https://www.lipoedem.lu/infoabend-lipoedem/


Mir géingen eis ob Iech freeën.

Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l.