Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. suergt fir Opklärung

6 Informatiouns-Ronne goufen et vun der Präsidentin an der Vize-Präsidentin vun der Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. ronn ëm Lipödem a Lymphödem. Gestäerkt goufen si vun enger Lymphödem Patientin, déi op 4 Ronne mat dobäi war an och dës Patiente beroden a gehollef huet. Dës Informatiouns-Ronne goufe gehalen zu Tënten an zu Mënsbech. Mat groussem Succès. Vill Austausch a vill Informatioune konnten sech déi betraffen Dammen, zum Deel mat Begleedung, mat Heem huelen. Dës 6 Ronne ware vun November bis Januar, Coronabedengt, a klenge Gruppen. Geplangt ass awer nach ëmmer dëst a méi groussem Style z'organiséieren. Sou dat Dokteren, Kinéen, Krankekees a Betraffener sech iwwert de ganzen Dag iwwert dës Krankheeten informéiere kënnen. Dës Organisatioun huet de Comité awer missen opschieben duerch déi aktuell Situatioun mam Covid.