Lymphödem-Patiente kënnen sech elo och un Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. wenden

Eng Krankheet, déi Jiddereen treffe kann - Lymphödem.

Sief et Fraen oder Männer, jonk oder al. Ugebuer oder am Laf vum Liewen.

Lymphödem ass eng Krankheet, bei der Lymphbunnen oder Lymphkniet beschiedegt goufen, oder feelen, an sech doduerch Waasser an engem Kierperdeel sammele kann an net méi offléisse kann.
Dës Krankheet ka Jiddereen am Laf vu sengem Liewe kréien. Sief et duerch en Accident, eng Verletzung, eng Operatioun, oder bei Kriibs.

Lymphödem ass och eng Folgekrankheet a Begleedkrankheet vun der Krankheet Lipödem. Therapie gesäit a ville Bestanddeeler selwecht aus wéi beim Lipödem. Dofir wëlle mir eis och fir dës betraffe Patienten asetzen.

Dofir sinn d'Gaby an d'Martine frou, iech kënne mat ze deelen, dat Nadine dem Comité seng Ënnerstëtzung ugebueden huet. Nadine selwer leit scho Joren ënnert engem Lymphödem a probéiert anere Patiente mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

Merci Nadine