D’ Bûcherons du Nord weisen sech solidaresch

Virun Kuerzem hunn d’ Comitésmembere vun den Bûcherons du Nord asbl mat vill Freed e Scheck vun 2500 Euro un d’ Madame Marie-Josée Jacobs, Presidentin vun der Fondatioun Caritas, iwwerreecht. Dëse Betrag koum zesummen, am Kader vun den Aktivitéiten 2017, an domat ënnerstëtzen d’Bûcherons du Nord d’ Wanteraktioun vun Caritas Lëtzebuerg, bei där Schlofsäck fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp kaaft gin sinn. D’ Madame Jacobs ass am Laf vum Owend nach eng Kéier kuerz op d’ Aktivitéiten vun Caritas Lëtzebuerg am Allgemengen an op d’ Wanteraktioun am Speziellen agaangen, an huet dem Veräin fir dësen Geste Merci gesot. Den Comité vun den Bûcherons du Nord asbl seet jidderengem Merci, deen zum Erfolleg vum Bëschfest an eisen aneren Aktivitéiten 2017 bäigedroen huet. jh