Wanterconcert ënnert dem Motto "80s meets 90s"

19
Jan
2024
19 Jan 20 Jan

D’Musik invitéiert op hire Wanterconcert e Freideg, de 19. a Samschdeg, den 20. Januar 2024 am Festsall zu Nojem. Um 20.00 Auer spillt d' Musik ënnert der Leedung vum Fränz Breger a Kerstin Plier e flotte Concert mam Thema "80s meets 90s". Fir Iessen a passend Gedrénks ass gesuegt. Den Entrée ass fir e gudden Zweck. Reservéiert äer Plaazen um Tel. 23629424 oder mailt op marijan@pt.lu.