Chrëschtconcert vun der Nojemer Schülerband

Samschdes owes, de 17. Dezember huet d’Schülerband vun der Nojemer Musik op e flotten a besënnleche Chrëschtconcert agelued. Am mat vill Léift dekoréierte Sall sinn ënnert der Leedung vum Kerstin Plier Lidder gespillt ginn, wéi Snow Valley Sleigh Ride, Christmix, Let it go oder och nach déi bekannte Melodie aus dem Polar Express. Bei engem waarme Glühwäin an e puer klénge Knabberein konnt een nieft enger klenger Presentatioun dann och nach Jingle Bells oder de Rudolph mat der rouder Nues lauschteren. No den zwou Zugaben hu sech d’Musikanten ënnert d’Leit gemëscht fir gemeinsam nach e flotten Owend ze verbréngen.