Porte ouverte bei der Nojemer Musik

Um Enn vun der Saison huet d'Nojemer Schülerband eng Porte ouverte organiséiert, déi de jonken, awer och manner jonke Schüler vun engem Instrument sollt Méiglechkeet ginn, séch eng Musikprouw vu ganz No unzekuken. E puer vu de Visiteuren hunn och nitt gezéckt, fir séch dertëscht ze setzen, an e puer Noute mam Orchester zesummen ze spillen. Och déi Allerkléngst am Sall konnten séch niewt déi verschidden Instrumenter sëtzen, kuken, lauschteren a probéieren. Um Enn haat jiddereen eng Rëssel, en Tabourin oder eppes ähnléches am Grapp an huet matgespillt. No der Prouw huet d'Musik nach e Patt zum Bäschte ginn an op e leckere Wupp vum Grill invitéiert!