e wonnerbaren Advent-Chrëscht Concert an der Neiduerfer Kierch

ech soen Iech Alleguerten, villmools Merci,


fir de flotten " Advent-Chrëscht Concert " , de mir virun engem gudde Mount, mat dem, " Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff " zesumme mat der " Chorales d'Hommes Réunies Luxembourg ", an der Neiduerfer Kierch, Iech offréiere konnten.

ech hoffen, dat déi di an der Neiduerfer Kierch waren, dat et Iech gefall huet, ech op jiddwerfalls war begeeschtert vun deem flotten Advent-Chrëscht Concert,

a soen Iech, léiwe Sänger, der Solistinne Carine WEICHERDING, dem Pianist Grégoire BAUMBERGER an dem Celliste Yves TORDY, op jiddwerfalls e grousse Merci, a ganz besonnesch un de Nowuess, déi 4 jonk Mënschen déi ons esou léif mat hire Gedichter an op der Flütt begleet haten..

Merci dem Pater Roman, fir dat mir Neiduerfer Kierch konnten a Beschlag huelen, Merci un Gemeng Lëtzebuerg fir den Éierewäin, an e grousse Merci un Iech, léift Publikum, Nolauschterer a léif Auditeuren.

Merci un Iech léif Sänger an un ons Dirigentin Josée Faltz-WILMES, dat Dir dat Alles méiglech gemaach huet, dat mir um 3. Advent an der Neiduerfer Kierch konnten e flotten a besënnleche Concert opféieren.

soen Iech, am Numm vun dem " Männerkouer Ste-Cécile Neiduerf-Weimeschhaff " villmools Merci un Iech Alleguerten, un Kanner, an un déi di ons Nolauschtere koumen.

e Grousse Merci un Iech Alleguerten, a mir wënschen Iech ganz Schéin a Besënnlech Feierdeeg