Gedenkfeier fir d’Grënnung vum "Letzeburger Freihétsbond" den 12. Mäerz 1940
um weitere Bilder zu sehen.
Vertrieder vun der Amicale Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen A.s.b.l. hunn am Neiduerf beim Monument vum “Letzeburger Freihétsbond”, ofgekierzt “L.F.B.”, un d’Grënnung vun dëser Resistenzorganisatioun den 12. Mäerz 1940 erënnert. Den éischte Schäffe Maurice Bauer huet, als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, zur grousser Freed vun alle Bedeelegten, och un dëser Gedenkfeier deelgeholl an am Numm vun der Stad Lëtzebuerg Blumme beim Monument néiergeluecht. De fréiere Präsident vum L.F.B., de Georges Schmit, hat dës Gedenkfeier all Joer mat groussem Äifer organiséiert. No sengem Doud am Joer 2025 war et fir d’Amicale Unioun evident, datt dës wichteg Traditioun muss virugefouert ginn. Begleet gouf des Zeremonie vum Edmond Faber op der Trompett.
De L.F.B., gegrënnt vum Jean-Pierre Lenertz, war eng vun den éischte Resistenzbeweegungen zu Lëtzebuerg. Scho virun der eigentlecher Invasioun duerch d’Wehrmacht hunn d’Nationalsozialisten de Grand-Duché mat engem “Spionagenetz” iwwerzunn, fir den Terrain ze sondéieren, sech nazifeindlech Lëtzebuerger virzemierken, Mataarbechter fir d’Naziideologien ze gewannen an esou den Iwwerfall ze plangen a virzebereeden. Wei um fréie Moie vum 10. Mee 1940 d’Wehrmacht d’Lëtzebuerger Grenzen iwwerschratt huet, war de L.F.B. schonn eng organiséiert Resistenzbeweegung mat un der Spëtzt als “Bond-Haaptmeeschter” den Alphonse Osch, deen dono am Abrëll 1946 President vun der Unio’n ginn ass.
De L.F.B. huet iwwerall uechter d’Land Sektioune gegrënnt, dorënner och an der Stad Lëtzebuerg. Bei der berüchtegter “Personenstandsaufnahme” vum Oktober 1941 a beim Generalstreik vum August 1942 huet den L.F.B., zesumme mat den anere Resistenzorganisatiounen, d’Bevëlkerung opgekläert an dozou encouragéiert, fir géint den Okkupant ze revoltéieren. De L.F.B. huet dann och gefälschten Identitéitsdokumenter ausgestallt, fir lëtzebuerger Refraktären, mee och franséisch Krichsgefaangener a britesch Piloten, déi am Grand-Duché noutgelant waren, iwwert d’belsch oder d’franséisch Grenz a Sécherheet ze schleisen.
De L.F.B. huet sech och der Unio’n vun de Letzeburger Freihétsorganisatio’nen ugeschloss, déi den 23. Mäerz 1944 duerch den Zesummeschloss vun der L.V.L. (Letzeburger Vollekslegio’n), der L.P.L. (Letzeburger Patriote Liga), an dem L.R.L. (Letzeburger Ro’de Lé’w) entstanen ass.
Quellen: unioun.lu ; Unio’n, L’épopée des sans-uniforme 1944 – 1979; Marc Trossen, Contribution à l’histoire de l’Union des Mouvements de Résistance Luxembourgeois (UNIO’N) de 1940 à 1949.
Fotoen: Lucien Renckens, Fabien Flies