Hämmelsmarsch fir d‘Neiduerfer Kiermes

Wéinst der aktueller Situatioun ass d‘lokaalt Kulturliewen besonnesch ageschränkt, an dofir war d‘Faubourgsmusek Clausen-Neiduerf-Weimeschhaff besonnesch houfreg, den Hämmelsmarsch fir d‘Neiduerfer Kiermes ze spillen. Et huet Freed gemaach fir neess zesummen ze musizéieren. Dës Freed war och bei den Awunner ze spieren, net nëmmen fir den Hämmelsmarsch ze héieren, mee mat der Geleeënheet fir e klengt allgemengt Gespréich, mat och der Fro, wéi et am kulturellen mat der Musek weider geet, Theater, Concerten ….? Leider Ongewëss! E Merci un d‘Leit , mat der „Kiermes am Duerf“, huet natierlech net däerfen feelen, hei gouf matgesongen an meeschtens gedanzt an alles nach doudsécher spéider a Gedanken. Merci fir de Patt ënnerwee, eng wëllkomm Erfrëschung fir d‘Museker an d‘Instrumenter. Mir hoffen och fir Statder Kiermes Presenz ze weisen mam Hämmelsmarsch an och der „Kiermes am Duerf“. www.fofa.lu