Shadows' Day & Night - We rock your family! - 28.04.2018

"Shadows' Day & Night" am Neiduerf.... et kléng e bëssen no Kosmetikartikel, mee hannert der 4. Editioun vun dësem Festival stécht en innovatiivt Konzept. Rock a Metal Ateliere fir di Jugendlech, di Kleng an di ganz Kleng. Wat et an der Klassik scho laang gëtt, gëtt et elo och an der mi haarder Rockwelt. An den Atelieren am Nomëtteg sinn déi Jonk vill iwwer Rock a Metal gewuer ginn, hunn e Lidd ageprouft, gesongen, gebastelt, eng Rhythmusbegleedung geléiert, an sech bühnentauglech gestylt fir duerno mat der Band ShadoWhisperS op der Bühn ze stoen. D’Kanner di matgemaach hu ware ganz begeeschtert. Wéi oft huet ee schonn d’Méiglechkeet mat enger Band live op der Bühn ze performen?

D'Workshops goufen ofgehale vum Jeff Koob, dem Marc Schank an dem Salima Ben Guigui an d'Lynn Schockmel war zoustänneg fir d'Body Art Tattoos.

Weider goung et mat Optrëtter vu 5 ënnerschiddlech Bands (Jungle Juice, SKOR, ShadoWhisperS, Daydreamer a Seekers): vun dusen akkusteschen Téin iwwer Punk zu Stoner mat dono Metal an der mi experimenteller Musek vu Jungle Juice als Ofschloss. Fir all Goût war eppes do.

Fotoen: Jean-Paul Frisch

Méi Informatiounen iwwert de Festival an d'asbl "Shadows' Night": www.shadowsnight.com