Präsidentewiessel beim ESILAC

Präsidentewiessel beim ESILAC

Um Ufank vun der Generalversammlung vun der « Entente des Syndicats d’Initiative du Lac de la Haute-Sûre » zu Ningsen huet den Vizepräsident Jolly Feyerstein zu enger Gedenkminüt fir di verstuerwe Memberen opgeruff. Während méih wéi 30 Joer huet den Fred Engel vu Baschelt d’Geschécker vun deser Entente geleet, bis hien Enn Abrëll vun eis gang ass. Sein Engagement fir den Tourismus an der Stauséiregioun an am ganzen Eislék bleift exemplarisch. Och den Ketter Alphonse vu Bungeref huet sich während lange Joren a sengem Syndicat an am ESILAC engagéiert.

D’Sekretärin Nathalie Wio-Engel huet d’Inviteeë, e.a. de Marco Schank, Buurgermeeschter vun der Gemeng Esch-Sauer, an Vertrieder vun de Gemengen, dem Naturpark Oewersauer an dem ORT Eislék begréisst, an dunn de Rapport vum Joer 2022 präsentéiert. Am Ganzen war de Verwaltungsrot 3 Mol zesummekomm. D’Generalversammlung war zu Rammerich am Centre Culturel, mat der Ënnerstëtzung vum S.I. vu Bungeref.

Ënnert der Leedung vum ORT Eislék huet d’Beschëlderung vun de Qualitéitswanderweeër di lokal Syndicats d’Initiative am Laaf vun 2022 vill beschäftigt : nei Wegweiser, Potoën a Schëlter sin installéiert gin. Bedauert gin ass, dass d’Tiir mat de Päerd oder dem Mountainbike nit op den neie Wanderkaarten drop sin, sou wi daat op den ale Kaarten vum ESILAC de Fall war. Och di international Wanderweeër wéi den « E3 », de « Sentier de la Haute-Sûre » oder den « Sentier Ardennes-Eifel » feelen. D’Entente huet ugangs Joer sein Manifestatiounkalenner rausgin, den op de Campinger, an bei den Hoteller an Touristebüroën verdeelt gin ass. D’Syndicats d’Initiative aus der Gemeng Kiischpelt hun sich zesummegeschloss, sou dass den fréieren S.I. vun Kautebach nit méi Member beim ESILAC bleift. Och den Syndicat vun B-Martelange ass nit méi interesséiert un enger Zesummenarbicht mat de lëtzebuerger Tourismusveräiner.

Während der Haaptsaison war d’Situatioun op de Stränn vum Stauséi an an den Dierfer ronderëmt zum Deel chaotisch. Den ESILAC huet duerfir en Opruff lancéiert fir dem Ranger méi Kompetenzen ze gin, den öffentlichen Transport un d’Besoinën unzepassen, eng zouverlässig Regelung a punkto Foodtrucks ze fannen an genuch Sanitäranlagen an Grillplaazen zur Verfügung ze stellen. Als Plusvalue ass di geplangten Passerelle tëschent dem « Burfelt » bei Ënsber an « a Bärel » bei Baschelt ausdrécklich begréisst gin. Duerch des Bréck kënnen d’Wanderweeër méi attraktiv gemach gin, an d’Gemengen Bauschelt an Esch-Sauer rëm verbonne gin, nodeems se méi wi 60 Joer duerch de Stauséi getrennt waren. Am September waren d’Memberen vun der Entente op Visit um Fonds de Gras, beim Train 1900 an um Belval. D’Sekretärin huet den Verwaltungen, Gemengen an alle Benevolen Merci fir hier moralisch an zum Deel och finanziell Ënnerstëtzung gesoot.

Den Manifestatiounskalenner vun 2023 ass am Abrëll verdeelt gin. Den ESILAC wëllt och dest Joer all senge Memberen eng Bänk schenken, déi si lanscht e vun hieren Wanderweeër kënnen opstellen. Allerdings huet d’Direktioun vum Tourismus sich géint recycléiert Bänken ausgesprach, sou dass iwerluecht muss gin, op hölzen Bänken kaaft gin, déi vill Ënnerhalt verlangen, oder op de Subside vum Ministär verzicht gëtt.

No der Generalversammlung hun d’Vertrieder vun de Membersyndicater sich kuerz zréck gezunn an den Roemen Bernard eestëmmig zu hierem neie Präsident gewielt. Dësen huet Merci fir d’Vertrauen gesoot a versprach sich weider fir d’Attraktivitéit vun der Stauséiregioun an de verdingte Stellewert vun den benevolen Akteuren aus dem Tourismus anzesetzen.

Fotoen: Nicolas Gerards