D'Kachboun

09
Mär
2018
09 Mär 11 Mär

Datum: Freides, 9.03.2018 um 20h00 + Sonndes, 11.03.2018 um 17h00


Während engem ganze Kalennerjoer setzen sech 3 Fraen mat Innovatioun an Traditioun an der Lëtzebuerger Kach- an Iesskultur auserneen. Hire Wonsch no enger Symbiose ass esou stark, datt si probéieren hir Iessmanéiere komplett z'änneren, op sëlleg Duerffester ginn an esouguer bei enger Kachshow matmaachen.

Donieft gëtt d'So vun der Kachboun erzielt, enger mysteriéiser Boun op déi ee séier muss Buedem geheie wann een se gesäit, well soss...


D'Kachboun ass am Mäerz 2017 mat groussem Succès am Ale Stadhaus zu Déifferdeng kreéiert ginn. No Independent Little Luxembourg ass et déi zweet Kollektivkreatioun déi vun der jonker Schauspillerin Frédérique Colling fir Independent Little Lies realiséiert gouf. Independent Little Lies (ILL) ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen Theaterleit, Artisten, Pädagogen an Konschtintresséierter zesummebrengt. ILL Produktiounen a Kulturevents hunn zäitgenëssesch a sozial Themen, op véier verschiddene Sproochen. 1995 gegrënnt, ass ILL scho säit méi wéi 20 Joer e feste Bestanddeel vun der lëtzebuerger Kulturzeen a bitt jonken Artisten eng Plateform fir hir Projeten ze realiséieren.


Vun a mam: Frédérique Colling, Catherine Elsen, Rosalie Maes

Bühnebild: Kim Clement

Luuchtekreatioun: Dominik Dusek

Kostümer: Natercia Rebelo

Œil extérieur: Linda Bonvini

Produktioun: Independant Little Lies ILL

Koproduktioun: Alt Stadhaus Déifferdeng, Schungfabrik Téiteng

Mat der Ënnerstetzung vun: Ministère de la Culture, Fonds Culturel National, Fondation Indépendance