100 Joer, dat muss gefeiert ginn! Fir de ronne Gebuertsdag vun der Madamm Dostert-Dondelinger huet eise Schäfferot et sech net huele gelooss, fir dem Gebuertsdagskand e Besuch am CIPA ,,Gréngewald'' Niederanven ofzestatten. A Presenz vum Familljeminister, Max Hahn, gouf den 10. November feierlech op d'Madamm Dostert-Dondelinger ugestouss!