Am Syndicat d'Initiative de la Commune de Niederanven ass vill geschafft ginn

Viru kuerzem hat de Syndicat d’Initiative (SICN) seng Generalversammlung an der salle associative zou Hueschtert. De President Régis Moes konnt eng grouss Zuel vu Memberen, Veräinsvertrieder an Éieregäscht begréissen. Den SICN zielt aktuell ronn 250 Memberen. Nom Roland Brimaire sengem gutt gefëllten a villfältegem Aktivitéitsrapport vum leschte Joer, woubäi d’Organisatioun vu der „semaine culturelle an A Schommesch“ am Oktober, a Zesummenaarbecht mat de lokale Kulturveräiner eraus stécht, huet de Keessier John Bauler de Finanzbericht virgedroen, deen 2017 mat engem Boni ofschléisst. Dovunner ass ee Don un „Oppent Haus“ gemaach ginn.

Fënnef austriedend Membere vum Comité hunn hiert Mandat fir eng weider Period erneiert krut.

Duerno huet de President en Ausbléck op déi geplangten Organisatioune vun 2018 gemaach. Well de SICN eng gutt Mouk huet, sinn nei Aktivitéite geplangt. De Buergermeeschter huet de Comité fir säin Engagement a seng gutt Aarbecht felicitéiert an och weiderhin d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng zougesot. Duerno war et um Isabelle Hermes fir den ORT „Guttland“ virzestellen. Nom offiziellen Deel huet de Comité e Patt an e klenge Maufel offréiert.