Dag vum Bam an der Gemeng Niederanven

Am Kader vum 30.nationalen Dag vum Bam huet Emweltkommission vun der Gemeng Niederanven, zesummen mam SIAS an den Gemengenservicer, 12 Uebstbeem fir dei am Joer 2021 gebueren Kanner ugeplanzt.

Et waren dest Aeppel, Biren, Prommen an Renglotten Beem dei zu Ernster 'op der Woelt' vun den Elteren vun den Neigebuerenen mat der Schepp an den Buedem gesat gi sin.

Dono konnten sech Kleng a Grouss bei Schoki a Kuch stäerken.