"Wohltätig ist des Feuers Macht, wenn sie der Mensch bezähmt bewacht!", luewt de groussen däitschen Dichter Friedrich Schiller d'Kraaft vum Feier bäim Géissen vu senger berühmter "Klack".
D'Feier as vital fir d'Liewe vun de Mënschen. Et hëlleft zënter Joerdausenden op eisem Planet, sech ze wiermen, d'Iessen ze préparéieren a Liicht ze spenden. Dest wichtegt Element vun der Natur, dat d'Entwëcklung vun der Zivilisatioun ganz staark begënschtegt huet, kann awer och e ganz geféierlechen a béise Feind gin, wann et aus dem Zam geréit.
"Doch wehe, wenn sie losgelassen!" seet do den Dichter vun deser gewalteger Kraft."
An deem Fall as den Asatz vun all Mënsch onendlech wichteg a mat kengem Geld ze bezuelen
Gewëss: Ongezielt sin déi vill Mënschen, déi bei Bränn a Feier uechter d'Welt em d'Liewe komm sin. An enorm sin och d'Schied, déi duerch esou Sinistre verursaacht goufen. Awer wéivill méi schlemm wéieren d'Konsequenzen vu ville Katastrophen ausgefall, wann et net engagéiert Leit gi wiren, déi d'Noutwändegkeet erkannt hun, sech fräiwelleg zesummenzeschléissen an sech am Dengscht vun der Allgemengheet bei der Bekämpfung vu Gefoaren duerch d'Feier anzesetzen.
An dësem Elan vu Solidaritéit sin an eisem Land um Enn vum 19. Joarhonnert an am Ufank vum 20. Jarhonnert vill Pompjeeskoren gegrënnt gin - dest virun allem nodeem dass d'Schäfferéit laut dem éischte Lëtzebuerger Gemengegesetz aus dem Joer 1843, also kuerz nodeem Lëtzebuerg am Joer 1839 onofhängeg gouf, verflicht gi sin, all noutwändeg Moosnamen ze ergräifen fir de Brandschutz ze förderen.
Duerch des gesetzlech Bestëmmung sin zu Lëtzebuerg sengerzäit insgesamt 263 Pompjeskoren entstaanen. Si hu sech am Prinzip ëmmer aus Fräiwellegen zesumme gesaat. Deen alleréischte Corps gouf ëm schon 1840 zu Groussbous an d Liewe geruff.
Et huet bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert gedauert bis et an deenen eenzelnen Uertschaften vun der Gemeng Fluesswëller zur Grënnung vu Pompjeesveräiner komm as. D'Gebuertsstonn vun de Pompjee Nidderdonwen huet den 1. Juli 1911 geschloen, ewéi sech Baueren, Wënzer, Arbechter an Handwierker aus dem Duerf nom Bau an der Fäerdegstellung vun der Wasserleitung am Joar 1910 spontan zesummegeschloss hun, fir elo déi besser Méiglechkeete vun der Brandbekämpfung , konsequent ze notzen.
Kuerz virdrun woaren zu Flueswëller (1900), Gouschteng (1906) an Uewerdonwen (1909) och scho Kore gegrënnt gin, zu Beyren e besse méi spéit, am Joar 1922.
Déi 14 Grëndungsmemberen vun de "Sapeurs Pompiers Niederdonven" woaren de Mathias Bowi, de Peter Bowi, de Peter Breser, de Jean Cigrang, de Jean Duhr, den Henri Federspiel, de Peter Ferring, de Jean Fischer, de Mathias Gengler, de Peter Gengler, de Jean Mousel, de Mathias Neis, de Jean-Pierre Nies an de Mathias Schmit.
Eischte Kommandant woar de Peter Ferring (1911 - 1920), duerno hun d'Leedung noeneen iwerholl de Johann Kieffer (1920 - 1932), de Johann Gries (1932 - 1937), de Jean Cigrang (1937-1954), de Pierre Cigrang (1954 - 1960), de Joseph Ferring (1960-1976), den Nicolas Duhr (1976- 1990), den Albert Mousel (1990 - 1998) an last but not least de Marc Delvaux (1998 - 2007).
No der Uschaffung vum noutwändgen techneschen Equipement an hiren éischten Uniformen hun d'Pompjee Nidderdonwen am Joer 1921 hiren éischte Fändel kritt. Am Krich huet dest Symbol missten un den däitsche Besatzer ofgeliwert gin a leider as dese Fändel dono ni méi opgetaucht.
1950 gouf vum Léon Duhr-Lies an der Madame Jean Schneider-Dondlinger e neie Fändel gestëft.
Iwer 50 Joar huet de mobilen Equipement aus enger einfacher Handkärchen bestaanen. D'Situatioun huet sech verbessert ewéi 1965 e moderne Schlauchwoon als Traktorunhänger ugeschaaft gouf. Dëse gouf 1980 duerch e nach méi grousst Gefiirt, mat enger starker Motorpompel ersaat. Duerno sin d'Equipementer an Eegeregie kontinuéierlech a mat Ennerstëtzung vun der Gemeng duerch d'Veräinsidealisten ausgebaut, optiméiert a moderniséiert gin.
Et as dofir licht ze verstoen, dass déi eenzel Pompjeeën am Joer 1966 grouss Interessen fir d'Erriichtung vun engem Festsaal mat Garagen an der Gaass gewisen hun an duerno och tatkräfteg bei de Bauarbechte matgehollef hun . Sou huet hir Material zwee Joar méi spéit, am Joar 1968, säin eegenen festen Ennerdach an der Uertschaft kritt.
D' "Pompjee Nidderdonwen" hun an all hirer Zäit wichteg Hëllef geleescht. Niewent klengeren Asätz, wéi z.B. bei Iwerschwämmungen an Autosakzidenter, gouf et och vill Haus- a Flächebränn ze bekämpfen. Wann et noutwändeg woar, gouf och Hëllef an den Nopeschdierfer geleescht.
D'Pompjeen woaren an all deene Joaren emmer derbäi, wann et drem goung, hei am Duerf all wichteg Fester a Feierlechkeeten ze verschéineren. An deem Zesummenhank woaren si am Joer 1968 Grëndungsmitglied vun der Entente vun den Donwener Veräiner an hun fir d'Anhaale vun der Secherheet am Festsaal gesuergt.
Besonnesch Feierleechkeeten an hirer eegener Veräinsgeschicht woar gläich e puer Mol d'Organisatioun vum Kantonaldag an de Joeren 1926, 1939, 1962, 1979 an 1998. D'Interesse vun de Pompjeen huet sech net nemmen op d'Problemer vum Alldag beschränkt. Op hir Ureegung koum beim 75. Anniversaire 1986 eng Monografie iwer déi kulturell a geschichtlech Vergangenheet vun der Uertschaft eraus.
Et gouf sech selbstverständlech Gedanke gemach, wéi de Nowues kéint ofgesechert gin – eng vun de Suergen , déi vill Veräiner an Organisatiounen aus dem Beräich vum Benevolat bedreckt. Dofir gouf 1990 eng Jugendsektioun an d'Liewe geruff, déi dëst Joer hiren 20. Jubiläum feiert. Mat enger gudder Jugendarbecht gëtt de Jugendleche net nëmme Fachwëssen, mee och de soziale Sënn vun der Nopeschhëllef vermëttelt. Déi Nidderdonwener Pompjeeën leeschten domadd och e groussen Dengscht un der Jugend.
Den 1. Januar 2007 woar eng wichteg a zukunftsweisend Etapp an der Geschicht vun de Pompjeen aus eiser Gemeeng. Déi 5 Pompjeeskoren, also och Nidderdonwen, hun sech duerch Fusioun an enger enger eenzeger Organisatioun, dem SIS-FLAX, (also dem Service d’Incendie et de Sauvetage de la Commune de Flaxweiler) definitiv zesummegeschloss.
Dësem entscheedende Schrëtt as eng laang Entwëcklung viraus gaangen. Scho vun de 70er Joaren un si periodesch gemeinsam Uebungen vun deene 5 Koren an deene verschiddene Sektiounen ofgehaale gin. Am Joer 1993 huet des Zesummenarbecht hire Nidderschlag an engem schrëftleche Modell fonnt. Ziel woar d'Ennerzeechnung vun enger entsprechender Konventioun gemeinsam mat der Gemeng, déi dann 1996 och vun allen implizéierte Partner ennerschriwe gin as an esou viru 4 Joer zur definitiver Grënnung vum SIS-Flax gefouert huet.
D’Pompjeeë vu Nidderdonwen hu bei desem Integrationsprozess eng wichteg a wertvoll Opbauarbecht geleescht. Déi eenzel lokal Pompjeesveräiner goufen duerno - no Erfëllung vun hirer Missioun - zu Amicalen embenannt. D'Roll vun dësen Amicalen läit haptsechlech dodran, fir de SIS-Flax ze ënnerstetzen an ze förderen.
Präsident vun der "Amicale Pompjeeën Nidderdonwen" as de Marc Delvaux, Vizepresident a Caissier de Jean Müller, de Sekretär as de Marc Ludwig a weider Memberen sin de Joe Beckius, de Nicolas Beckius an de Paul Duhr.
Säit 100 Joar stellen sech déi Nidderdonwener Pompjeeën onentgeltlech an den Déngscht vun hire Matmenschen. Dat as eng grouss Lektioun vu Solidaritéit a Generositéit. Vill Zäit, haptsächlech Fräizäit, hun des couragéiert Leit an Idealisten an all deene villen a langen Joare geaffert, fir hirer Missioun kënne gerecht ze gin. Et as hinnen och gelongen, sech stänneg ze verbesseren an deenen ëmmer méi grouss Ufuerderungen, déi virun allem duerch den technesche Fortschrëtt entstaane sin, mat adäquate Formatiounen Rechnung ze droen.
Ouni hire selbstlosen Asatz, ouni hir permanent Bereetschaft fir humanitär Zwecker, ouni hire Courage an ouni hiren Dévouement, wär et secher net zu desem 100. Anniversaire komm.
D’Pomjeeë vun Nidderdonwen zeechnen sech duerch eng aussergewéinlech Leeschtung aus, déi --ganz einfach ausgedrëckt--- eis déif Unerkennung an eise grousse Merci verdengt.
(Zitéiert aus der Festried)