De Felix huet säin 10. Gebuertsdag gefeiert

Genau op den Dag huet de Felix den 28. Dezember säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Dofir hat hien e puer vun senge gudde Frënn op e flott Fest invitéiert. Um Programm stunge Fussballspillen an duerno eppes Séisses fir Läiw a Séil ze stäerken. Fir déi, déi sech um Terrain iwerustrengt haaten, gouf et esou guer Relaxatioun um automatesche Massagestull (cf Foto). "Et woar e coole Nometteg", sooten se all zum Schluss, ewéi et flott am Auto duerch neie Schnéi heem goung.