Chrëschtmaart am Kuebebongert: D'Feelener Schoul spend 7300 €.

D'Schoulkanner aus dem Kuebebongert hu mëttwochs, den 29. Mäerz, zesummen mat hirem Léierpersonal an a Präsenz vum Här Luc Reis aus der Schouldirektioun Dikrech, de Vertrieder vun der Gemeng, den Elterevertrieder an engem Vertrieder vun der Feelener Musek, ee Scheck vun 7300 € un d'Madame Laura Franck vun der Fondatioun Sarah Grond iwwerreecht. 

Virun der Scheckiwwerreechung huet d'Vertriederin vun der Fondatioun de Kanner aus all de Cyclen erklärt, wat mat de Suen geschitt, déi si gesammelt hunn. D'Missioun vun der Stëftung ass et Kanner an Noutsituatiounen finanziell  a mat Sachspenden ënnert d'Äerm ze gräifen. Virun allem Kanner, déi een Elterendeel verluer hunn, wëllen si hëllefen. 

Déi generéis Zomm ass de 16. Dezember um Chrëschtmaart am Kuebebongert duerch de Verkaf vu Bastelaarbechten, Iessen a Gedrénks, gesammelt ginn. Organiséiert haten dëse flotte Maart d'Gemeng, d'Schoul, d'Maison Relais, d'Elterevertrieder an d'Feelener Musek. Ee grousse Merci geet un d'Schoulkanner, déi wärend ville Stonnen gebastelt hunn an um Chrëschtmaart hir Verkaafstalenter ënner Beweis gestallt hunn.