Feelener Musek: 10. Galaconcert fir den Dirigent Patrick Wilhelm

Zu Feelen an der Sportshal guff dëst Joer de Galaconcert ganz am Kader vum 10-järegen Jubiläum vum Patrick Kim Wilhelm als Dirigent vun der Feelener Musek gefeiert.

Mat ganz vill Klangfaarf a Präzisioun ass et mam Jugendensembel "Troubletones" lassgaang.

Iwwerholl huet d'Feelener Musek dono an engem éischten Deel mat vill Rhythmik, Dramatik an Energie. Ervirzehiewen ass hei sécher dat vum Dirigent komponéiert a gestëft Stéck "Beautiful Shine".

Am zweeten Deel gung et weider mat engem flotte Programm, engem luminéise „Showconcert“ begleet vu Guitar, Piano a Sänger, wat vun de ronn 400 Museksfrënn mat vill Applaus honoréiert gouf. Highlights wären hei den "Udo Jürgens - DAS BESTE", "Always", "Proud Mary", "Wings" an zu gudder Lescht den "Sweet Caroline" wou d'Gäscht animéiert guffen matzesangen an dëst och bravurös gemeet hunn!

Beim Éirewäin guff ënnert sëllege Frënn a Frëndinnen op de Jubiläumsconcert ugestouss a bis déif an d'Nuecht gefeiert.