150 Joer Harmonie Municipale Bascharage - Aweiung vum Feldahorn

2023 huet d'Harmonie Municipale Bascharage hir 150 Joer gefeiert. Fir dat Joer voller Aktivitéiten ofzeschléissen an och an der Zukunft eppes fir d'Uertschaft ze hannerloossen, huet d'Presidentin vum Organisatiounscomité fir déi 150 Joer, d'Madame Josée-Anne Siebenaler-Thill, den 2. Dezember am Park an der Rue du Bois zu Käerjeng e Feldahorn ageweit.

An hirer Ried huet d'Madame Siebenaler-Thill de Maasselter beschriwwen: "Et ass e ganz resistente Bam, deen 10 bis 15 Meter héich an 5 bis 10 Meter breet ka ginn".

Si huet an hirer Usprooch eng Parallell vum Bam op d'Musek gezunn a betount dass all Musekant sou wéi all Blat beim Bam eenzegaretg ass an awer och wichteg fir d’Harmonie an der Musek ass.

D’Madame Siebenaler-Thill huet der Gäertnerei Gutland fir dee schéine Bam an och der Gäertnerequipe vun der Käerjenger Gemeng fir d’Aplanzen vum Bam Merci gesot.

Mir soen am Numm vun der Käerjenger Musek der Madame Josée-Anne Siebenaler-Thill villmools Merci fir d’Stëften vun dësem Bam.

Mir freeën eis an spéider Zukunft kënnen eng Kéier e Koncert am Schied vun dësem Bam ze spillen.