De Käerjenger Chrëschtmaart 2017

Vum 8. bis den 10. Dezember huet den traditionnellen Käerjenger Chrëschtmaart op der Claus Cito Plaz zu Nidderkäerjeng stattfonnt. 29 Iess-Gedrénks-a Verkafsstänn hu fir Chrëschtstëmmung bei de Visteure gesuecht. Den offiziellen Optakt vum Chrëschtmaart huet de Buergermeeschter, Michel Wolter um Freideg Owend gemach, zesumme mat sengen Kollegen aus dem Schäffen-a Gemengerot a begleed vun de Musiker vu „Saxitude“. De ganze Weekend konnt de Geroch vu Glühwäin gemëcht mat allerlee lëtzebuerger Spezialitéiten an e puer Musiksnoueten vun „The Humphrey’s“ ; „Nobbie Dixie Band“ ; „Weihnachtschaoten“ ; „Shabby Chics“; „ Perfectly Strange“ ; „The Blue Oranges Combo“; „Top Fanfare“; de Youth Choir, Singing Mommies an de Kannerchouer aus der Käerjenger Musekschoul all d’Leit verzauberen.

Vun deser festlecher Stemmung an deem flotte Kader gouf och profitéiert fir 2 Schecken ze iwwereechen. D'Presidentin vun der Kulturkommissioun, zesumme mam Buergermeeschter, dem Schäfferot an dem President vum Cercle Culturel Claus Cito e Scheck vun 1.545 € un d'Asbl ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn) iwwerreecht. 

Et handelt sech hei ëm den Erléis vun der Kannerkulturwoch. Do dernieft huet d’Asbl „Käerjeng Hëlleft“ e Scheck vun 900 € u Faitrade Lëtzebuerg iwwerreescht.