Eng flott Aktioun fir E Kannerlaachen

Den 2. Oktober huet den Handball Käerjeng seng traditionell Trikot Party am Brauatelier organiséiert. Bei dëser Geleeënheet hat d'Event-Team eng flott Iddi: D'Gäscht konnten decidéieren, ob si hir Becher-Cautioun zeréckhuelen oder léiwer fir de gudden Zweck spenden wollten.

Eng klenge Gest mat enger grousser Wierkung! Duerch dës flott Initiativ koum e Betrag vun 200 Euro zesummen, deen un d'Associatioun E Kannerlaachen gespent gouf. Domat ënnerstëtzt den HBK déi wäertvoll Aarbecht vun der Associatioun, déi sech fir Kanner a Madagaskar asetzt.

E Samschdeg, de 14. November, am Kader vum Heemmatch géint d'Red Boys, war dunn déi offiziell Scheckiwwerreechung um Dribbel.

Den HBK freet sech, mat dëser Aktioun e klenge Bäitrag fir de gudden Zweck geleescht ze hunn, a seet all deene Leit en häerzleche Merci, déi mat hirer Spent dozou bäigedroen hunn, Kanner a Madagaskar e Laachen an d'Gesiicht ze zauberen.