Fréier Memberen vun der Meeschterprüfung s - Kommissioun hu sech erëmgesinn.

No enger Paus vun 2 Joer, hu sech 11 fréier Memberen vun der Meeschterprüfungs - Kommissioun (1987 - 2012 ) aus dem Beruffssektor “ Telekommunikatioun - Alarm a Sécherheet " op Initiativ vum Jean-Marie Spartz am Restaurant , Le Pigeonnier zu Nidderkäerjeng erëmgesinn, fir e puer agreabel Stonnen an enger gemittlecher Atmosphär ze verbréngen.

An der Begréissungs - Usprooch huet de President Norbert Arend op déi konstruktiv Zesummenaarbecht aus deene fréieren Joren drop higewisen , a nach haut drop stolz ass, fir konnt an enger Mannschaft vun Enseignanten a spezialiséierten Beruffsvertrieder ze figuréieren, mat der Missioun hiert Fachwëssen mat Formatioun un de jonken Nowuess am Handwierk ze vermëttelen, an domat hinnen um Wee vun hirem spéideren Beruffsliewen eng zolidd Ënnerstëtzung ze garantéieren.

Geduecht gouf och un déi Kollegen déi net méi oder net aus gesondheetlechen Grënn

un dësem Treff deelhuelen konnten.

Uschléissend huet de Pap (90) am Numm vun alle Kollegen der Patrone vum Haus Merci gesot fir dee gudden Menu déi si fir dësen Frëndschaftsdag opgedëscht hat.

Ofgemaach gouf, dat mer eis bei gudder Gesondheet nächst Joer erëm gesinn.

Jo, léif Kollegen, virun allem ass Gesondheet een vun den Haaptpilieren op deem eisem Liewenswee fondamentéiert ass, ouni seng Ënnerstëtzung ass de Fonktionnement bei allen eisen Aktivitéiten net méi garantéiert,

Mat engem sprëtzege Miseler, gong dëse schéinen Dag op en Enn.

NA / JMS via MyWort