Generalversammlung vun de Fotosfrenn Kaerjeng
um weitere Bilder zu sehen.
Mett Abrëll hun d’Fotosfrenn Kaerjeng op Generalversammlung am Clubstudio zou Uewerkaerjeng invitéiert.
De Clubpresident Jean Remy, huet den Här Frank Pirrotte, Vertrieder vun der Gemeng Käerjeng, an déi zuelräich erschéngen Memberen a Sympathisanten häerzlech begréisst.
Hien huet och säi Merci un d'Gemeng fir hir permanent Ënnerstëtzung, opmierksam Begleedung a grouss Disponibilitéit ausgedréckt, déi wesentlech zum reiwungslosen Oflaf vun den Aktivitéiten an Evenementer vum Club bäidroen huet.
De Vize-President Romain Nero huet sech entschëllegt. Hien war am Ausland blockéiert a konnt zum Schluss der Versammlung bäiwunnen. De President huet och den Här Jacky Hutting, Vertrieder vun der FLPA, entschëllegt, deen sech de Moment vu Gesondheetsproblemer erhëlt
De President huet d'Bedeelegung vun de Memberen déi reegelméisseg un de verschiddenen Aktivitéiten, déi an der Gemeng organiséiert ginn an un de verschiddene Fotoprojeten an Ausflich ervirgehuewen, souwéi de wuessende kollektive Geescht an der Grupp. Hien huet de Membere fir hiren Engagement Merci gesot.
All Méindeg treffen sech d‘Memberen am Studio:
2025 waren am ganze 25 Owenter mat Diskussiounen iwwer Fotografie / Lightroom / Photoshop / Workshops an all méiglech Aktivitéiten, z.B. "Foto vum Mount". An Zesummenaarbecht mat der Gemeng huet de Fotoclub e gutt besichte Fotografie-Training fir Ufänger Oktober bis Dezember 2025 an 10 Seancen organiséiert.
De Romain Meyers huet e Film mat de fotografesche Wierker, souwéi vun der Ausstellung "Salon d'Auteurs" 2025, vun eise Membere Fotografe gewisen.
De Rapport vum Caissier fir den Exercice 2025 ass vun de Keesereviseure confirméiert a vun der Versammlung ugeholl ginn.
Austriedent am Kommitee waren d’Membere Jean-Jacques Nilles a Jean Remy, si goufen erëm zeréck an de Kommitee gewielt.
De Jean Remy ass eestëmmeg vun der Versammlung als President zeréck gewielt gi. De President huet nach een Ausbléck op d’Evenementer gi wou d’Memberen 2026 wäerten deelhuelen.
Des weider huet d’Gemeng zougestëmmt dass mat hirer Zesummenaarbecht och 2026 de 4.Fotosconcours stattfent.
Den Här Frank Pirrotte huet d'Wuert ergraff, fir e puer Wierder vu Merci un d'Participanten ze riichten an hir Aarbecht ze luewen.
Hien huet och un den 3. Käerjeng Fotosconcours geduecht, un deem hien als Jurysmember deelgeholl huet, an huet de grousse Volume vu 750 Fotoen ervirgehuewen, eng Zuel déi hien als beandrockend bezeechent huet. Hien huet erkläert, datt dës Erfarung trotz dem Ëmfang vun der Aufgab sech als besonnesch beräicherend erwisen huet. Schlussendlech huet hien all drun erënnert, datt d'Aarbecht an d'Iddi, déi mat der Kreatioun vun engem Bild verbonne sinn , dacks ënnerschat gi. Hien huet och ugedeit, datt hien sech schonn op déi 4. Editioun freet, op déi hie mat grousser Spannung erwaart.
Den Här Pirrotte huet dem Veräin fir seng Präsenz a reegelméisseg Bedeelegung un de verschiddenen Aktivitéiten, déi an der Gemeng organiséiert ginn, Merci gesot. De President Jean Remy huet dem Här Pirrotte als Unerkennung, d'Fotobuch vum Veräin iwwerreecht, dat all d'Aktivitéite vum Joer 2025 dokumentéiert si.
Nodeems all Punkte vun der Dagesuerdnung verschafft gi sinn , huet de President d'Versammlung clôturéiert an den Owend dass bei engem Iessen ausklénge gelooss gi.
Jean Klein ( https://www.fotosfrenn-kaerjeng.eu/ )